Eis Minimes I brauchen hire leschte Match muer géint d’Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt net ze spillen, well de Géigner Forfait gemaach huet. Esou sinn eis Minimes I mam Maximum vun de Punkten am zweeten Tour an déi 4. Klass opgestigen.

“Merci Jongen fir déi super Saison, an der mer leider duerch 1 Punkt ofgestige sinn an awer direkt am zweeten Tour den Opstig nees gepackt hunn. Maacht weider mam Fussball a mat der selwechter Begeeschterung a Motivatioun ewéi dës Saison. Super Minimes”, huet den Trainer Luis Pereira gemengt.