Am Kader vun der Preparatioun op déi kommend Saison an der Éierepromotioun, déi den 18. August mam Heemmatch géint Hesper ugeet, spillt eis éischt Ekipp e puer Frëndschaftsmatcher. Et koum zu engem Chengement. D’Coupe Nico Thill zu Steesel ass net den 28., mee den 21. Juli. Eis éischt Ekipp spillt do um 17 Auer 1 Halschent géint Beggen. Dono ass de Match fir déi 3. Plaz an d’Finall.

21. Juli: Turnéier zu Steesel (2 Matcher à 45 Minutten)
23. Juli: Weiler – Luerenzweiler (20 Auer)
30. Juli: Weiler – Norden (19.30 Auer)
2. August: Weiler – Beggen am Pafendall (19.30 Auer)
4. August: 2. Match vum Turnéier am Pafendall
7. August: Weiler – Rëmeleng (20 Auer)
11. August: Biissen – Weiler (16 Auer)