Och déi 19. Editioun vun der Vache qui flatte war e vollen Erfolleg. Ganz vill Leit haten de Wee an den Dieltchen fonnt, fir e puer flott Stonnen bei engem gudde Maufel an engem Pättchen ze verbréngen. D’Optrëtter vun de Museksgruppen Les Gavroches an Isibrobs hunn dofir gesuergt, dass bei dësem Duerffest eng Topstëmmung war.

An och Gewënner sinn et bei eisem Spill, bei deem et mat 3371 verkaftene Case nees e Rekord ginn ass, ganz vill ginn. D’Kou Ketty hat sech d’Case G10 erausgesicht fir ze flappen an huet esou e ganze Koup Leit glécklech gemaach, wéi der op der Gewënnerlëscht hei ënnendrënner kënnt gesinn.

Vache-qui-flatte-2019

Download vun der Lëscht