Eis Pupilles hunn um Samschdeg um Turnéier zu Izeg deelgeholl.

An der Gruppephas sinn d’Yellow Boys déi éischt ginn. Géint d’Jeunesse (3:0), Monnerech (2:0) a Mamer (4:0) goufen et 3 Victoiren.

An der Véierelsfinall war d’Loft eraus. Géint Hüttersdorf (0:2) an Izeg I (0:2) hu missen Defaiten higeholl ginn, dono hunn d’Yellow Boys mat 5:1 géint Izeg II gewonnen.

Am Schlussklassement war dat déi 7. Plaz vu 16 Ekippen.

“No engem impressionante Sans faute an de Gruppematcher hate mir eist Polfer leider verschoss. Am ofschléissende Klassementsmatch hu meng Jongen sech dunn awer matt engem Erfolleg fir hir alles an allem gudd Dagesleeschtung belount”, sou den Trainer Léon Zahlen.