Eis Minimes II hunn hire Championnatsmatch doheem géint Réimech-Bus II mat engem 2:2-Gläichspill op en Enn bruecht.

“No 1 Minutt stoung et schonn 1:0 fir d’Gäscht. Mir hu vill probéiert, mee leider sinn eis Passe ni dohi komm, wou mir se wollten hunn. Dat hu mir an der Paus ugeschwat an et ass direkt besser ginn. Mir hunn de Match gedréint an d’Jongen ware voller Euphorie, sou dass mir de Géigner awer nach invitéiert hunn, fir den Ausgläich ze schéissen. Et war e ganz gudde Match, deen u Spannung net z’iwwerbidde war. Weider sou Bouwen!”, huet den Trainer Pascal Schoen gemengt.