Eis Poussins II hunn um Päischtméindeg um Turnéier zu Lëntgen deelgeholl a koumen op déi 3. Plaz.

An der Gruppephas hu sech d’Yellow Boys just misse Märel-Belair mat 0:2 geschloe ginn. Géint d’Etzella (2:0), Lëntgen (3:1) a Menster (2:0) goufen et Victoiren.

An der Halleffinall géint Miersch stoung et 1:1, wéi de Match ofgepaff ginn ass. Am Siwemeterschéissen huet sech den FC Marisca du mat 2:1 duerchgesat.

Nom Match ëm déi 3. Plaz stoung et géint Lëntgen 0:0, sou dass nees hu missen Siwemeter geschoss ginn. An do huet sech Weiler mat 3:1 behaapt.