Eng gemëschte Pupilles-Ekipp vun eise Yellow Kids ass um Päischtméindeg zu Lëntgen ugetrueden an op déi 11. Plaz ënner 12 Ekippe komm.

An der Gruppephas gouf géint Miersch (0:0), Luerenzweiler (0:1), Walfer (0:2), Lëntgen (2:2) a Rammerech (0:3) gespillt, ier de Match fir déi 11. Plaz mat 3:0 géint d’Etzella gewonne gouf.