Eis Pupilles hunn um Päischtsamschdeg um Turnéier zu Iechternach deelgeholl a koumen op déi 7. Plaz ënner 16 Ekippen.

An der Gruppephas goufen et 3:1-Victoiren géint Iechternach a Schieren, 0:0-Gläichspiller géint Rouspert, den F91 a Racing, a 0:1-Defaiten géint Beggen a Sandweiler. Dat huet déi 4. Plaz an der Grupp bedeit. Am Match ëm déi 7. Plaz gouf d’Etzella mat 2:0 geklappt.

“Et war eng villverspriechend Leeschtung. Wann ee bedenkt, dass d’Halschent vun der Ekipp och déi nächst Saison nach bei de Pupilles spillt, brauch et engem fir d’Zukunft absolut net Angscht ze sinn. Eng besser Plazéirung wier dra gewiecht, mee mir hun eis d’Liewen alt nees duerch déi schwaach Chancenauswäertung extrem schwéier gemaach. Zur Organisatioun bleift ze soen, dass et extrem grenzwäerteg ass, wann en Turnéier mat annerhallef Stonn Verspéidung ufänkt an um Enn 2 Stonne Retard huet. Alle Bedeelegten e risegrousse Merci fir hir Gedold”, sou den Trainer Léon Zahlen.