Eis Minimes II hunn um Samschdeg am Dieltchen géint Izeg II gespillt an 3:5 verluer.

“Nodeems mer an der Paus mat 0:4 hanne louchen, hu mir déi 2. Halschent en anert Gesiicht gewisen a sinn zréck an de Match komm. D’Resultat ass net wichteg, Haaptsaach d’Kanner wësse wat gutt a schlecht war”, sou den Trainer Pascal Schoen.