Eis Pupilles I hunn um Dënschdeg zu Sandweiler gespillt. Um Enn hunn d’Yellow Kids mat 1:4 verluer. An der Paus stoung et 2:0 fir Sandweiler.

“E Resultat, dat absolut näischt iwwer de Spillverlaf ausseet. Am Contraire, d’Yellow Boys hunn de Ball iwwer wäit Strecke vum Match gutt lafe gelooss a sech eng Onmass vu Chancen erausgespillt. Leider sollt de Ball nëmmen 1 Mol de Wee an de Sandweiler Gol fannen. Iwwerdeems huet d’Lokalekipp hir Chancen optimal genotzt. Ech si mat der Leeschtung absolut zefridden. Vill besser kann een als Pupilles-Ekipp amfong net spillen. Ech si fest dovun iwwerzeegt, dass meng Jungs aus esou Matcher vill léieren”, sou den Trainer Léon Zahlen.