E puer Deeg no deenen 2 formidabelen Exploit’en mam Opstig an d’Éierepromotioun an dem Gewënn vun der Coupe FLF kuckt eisen Trainer Jhemp Almeida an engem besonnesche Réckbléck op d’Saison zréck. Zu all Spiller an zu de Supporter seet de Jhemp e puer Wierder.

Christopher Gonzalez

Mir si frou, dass mer hien op Weiler kruten an och, dass en elo verlängert huet. Hien ass e super Golkipp. Seng Präsenz ass gutt, en ass staark op der Linn, huet e gutt Degagement an ass nach jonk. Seng Trainingspräsenzen ware ganz gutt, hien war ganz motivéiert. Hien ass e ganz wichtege Mann an huet eis e puer Punkten dës Saison gerett. Chapeau och, dass hien déi ganz Saison kee Gol op der Bocks hat!

Michel Muller

De Mich war vun Ufank un ëmmer dobäi. Hien huet eng super Astellung. Natierlech war et net einfach mam Christopher Gonzalez a Konkurrenz ze sinn. Dat wousst hien an en huet och eis Decisiounen acceptéiert a weider trainéiert. Et ass wichteg 2 Golkipper um Training ze hunn an ech fannen et super, dass de Mich bis zum Schluss zu 100 Prozent motivéiert war.

Sidney Loes

De Sidney ass e Virbild fir déi aner. Hien huet net ëmmer konnten trainéieren, mee e war ëmmer fit. Hien ass oft no der Schoul nach séier op Weiler gefuer komm an heiansdo koum en extra fir en Training oder e Match Heem an ass dann direkt nees zréckgefuer. Hien ass motivéiert an e wichtege Spiller an der Ekipp. Hie spillt fir de Veräin a fir d’Ekipp. Dem Sidney kann een defensiv näischt virwerfen, offensiv kënne mer nach e puer Saachen verbesseren, mee dat kënnt, wann hie méi trainéiere kann. Wann hien och mol e Bobo hat, huet en awer op d’Zänn gebass.

Andy Reuter

Um Andy haten e puer Leit gezweiwelt, well en eng gewësse Nonchalance um Terrain huet. Hien huet eng super Réckronn gespillt an de Niveau nach emol gehuewen. Mir hu vill mam Andy geschwat an hien huet och vill Saachen ugeholl. Hie war zum Schluss mega motivéiert. Hie wollt ophalen, mee dës Saison an d’Ambiance am Veräin hunn hien dozou beweegt, nach eng Saison drunzehänken.

Jonathan Furst

De Jonathan war och e riskanten Transfert. Hien huet bal 2 Joer net gespillt gehat. Mir woussten, dass et dofir fir hien net einfach géif ginn. Mir hunn acceptéiert, dass hien um Training mol méi lues gemaach huet an hien huet sech lues a lues nees opgebaut. Wann hie gespillt huet, huet e gewisen, dass en e Patron ass an der Ofwier. Dat ass ganz kloer. Säi Stellungsspill ass immens gutt. Hien huet de leschte Mount gewisen, dass en och an 3 Wochen kéint 5 Matcher spillen.

Paul Gomez

De Paul ass eis gréissten Iwwerraschung. Virun der Saison sote vill Leit zu mer: Wien hues du dann do geholl? Hien huet ni Fussball gespillt, ass dunn op Lëtzebuerg komm an zu Duelem gelant. Dunn huet en eng Saison net gespillt, sou dass et schonn e Risk war, fir hien an d’Ekipp ze huelen. Mee mir hate Chance: Hie lauschtert gutt no a probéiert dat ëmzesetzen, wat mir vun him erwaarden. Och taktesch huet e ganz vill Fortschrëtter gemaach. A ville Matcher huet hie bewisen, dass en als Zentralverdeedeger eng valeur sûre ass. Nieft dem Sidney ass hien eise stäerkste Mann an den Zweekämpf. Hien ass och nach schnell, esou dass en alles huet, wat en hanne brauch.

Michel Martins

De Michel ass eng vun den Iwwerraschungen vun dëser Saison. Mir woussten, dass e Potenzial hätt, mee en huet d’Erwaardungen iwwertraff. Hie kann awer nach besser ginn, wann e léiert, dass e seng Motivatioun muss kontrolléieren. En ass munchmol iwwermotivéiert a probéiert dann um Terrain ze vill ze maachen. Hien ass e Kämpfer, deen ëmmer um Training ass a sech och eppes soe léisst. Wann hien mol e Bobo huet, geet et awer weider. De Michy muss sech just nach taktesch verbesseren an um Terrain d’Rou behalen.

Thomas Battaglia

Et war Pech, dass den Thomas sech d’Kräizbänner gerass hat. Am Ufank hat e Problemer, fir sech un d’1. Divisioun ze gewinnen. Hien huet wuel geduecht, et wier méi einfach. Wéi et bei him bis gerullt ass, koum déi schwéier Verletzung. Hie fält wuel nach bis no der nächster Wanterpaus aus. Dono wäert hi sécher nach e wichtege Mann fir eis ginn.

Johan Bellini

De Johan ass e super Spiller, deen am Mëttelfeld enorm wichteg ass. Hien geréiert dat a sengem Alter ganz gutt. Hien huet de Fussball a sech an ass e Beispill fir déi Jonk. Hien ass um Training bal ëmmer do a wann en do ass, gëtt en ëmmer Vollgas. Hien huet och ëmmer Spaass an dat gesäit een herno och an de Matcher. Hien trainéiert seriö a kann och an der Éierepromotioun nach mathalen, well hie ka säi Niveau upassen. Säi Parcours schwätzt fir hien.

Joyce Regazzi

Den Joyce war och eng positiv Iwwerraschung. Vill Leit hate mer virun der Saison gesot, hie krit et schwéier an en hat et och schwéier, mee en huet sech duerchgesat. Hien ass all Training do an trainéiert och seriö. Hien huet zum Schluss eng aner Roll gespillt. Mir haten him gesot, e soll virun der Ofwier déi knaschteg Aarbecht maachen a just nach d’Relance maachen. Dat huet hie ganz gutt gemaach. Hien ass och ëmmer fir d’Ekipp do. Zesumme mam Johan huet hien och probéiert déi Jonk ze dirigéieren. Dat ass wichteg.

Max Mangen

De Max ass e gudde Jong. Hie muss just e bëssi besser nolauschteren. An der Réckronn krut e gesot, wat e misst maachen, fir fussballeresch weiderzekommen. Hien huet dat lues a lues verstanen. Hie krut e puer Mol seng Chance an huet déi och genotzt. An der Éierepromotioun muss hie nach e Krack zouleeën. D’Technik huet en, taktesch muss de Max nach e bëssi bäiléieren. Hie muss um Terrain alles ginn. Dat kréie mer hin, wann de Max weider sou schafft.

Cliff Bernard

De Cliff hat am Ufank Pech mat ville klenge Verletzungen. Hie war awer ëmmer present an och motivéiert. Och an der Réckronn huet e seng Chance genotzt a gutt Matcher gemaach. Leider war hien du nees liicht blesséiert. Am Barragematch huet en awer bewisen, dass en am defensive Mëttelfeld kann d’Rou behalen a propper relancéiere kann. E super Jong, dee nach ka besser ginn an och dofir schafft.

Selim Ainahi

De Selim ass eng valeur sûre. Hien huet zwar net ëmmer vun Ufank u gespillt, mee hien ass och e super Joker. Wa mer hien awiesselen, wësse mer, dass hie nach kann ee klaken. Dat hu mer och nees an der Finall vun der Coupe FLF gesinn. E ganz feine Kärel, deen sech eppes soe léisst an ëmmer do ass. Hie schafft fir d’Ekipp an esou Spiller kéint een der roueg méi hunn.

Levy Rougeaux

De Levy ass en erfuerene Spiller, deen eis schonn eleng duerch seng Präsenz vill bréngt. En ass net fir näischt eise beschte Buteur dës Saison gewiescht. A sengem Alter ass e nach ëmmer op engem gudde Niveau. Chapeau och, dass hie fir de Barragematch op d’Zänn gebass huet an alles gemaach huet fir trotz Verletzung kënnen ze spillen. Hien ass e ganz wichtege Mann am offensive Beräich.

Marco Di Bari

Virun e puer Woche sote mer nach virun der Ekipp, dass dat Chapeau ass, wéi de Marco sech beholl huet. Hien ass ëmmer um Training, versteet sech gutt mat senge Matspiller an huet eis Decisiounen ëmmer acceptéiert. Et war net einfach fir hien, well no enger laanger Verletzung krut e net vill ze spillen, mee hien ass en Topmann a mir konnten ëmmer op hien zielen, well en och dobäi bliwwen ass bis Enn vun der Saison.

Amadou Camara

Dass mer hie geholl hunn, war e Risk, dee mer agaange sinn. Mir hunn an der Wanterpaus e Spiller gebraucht an eis fir hien entscheet. Mir kruten hien vum Juniorstrainer vun Diddeleng uginn. Hien ass e ganz rouege Kärel, deen eng schwéier Zäit hannert sech huet. Hien ass ganz schei an et huet laang gedauert, bis en eis vertraut huet. Hie war awer vun Ufank motivéiert a geet an all Zweekampf. Hien huet verschidde Matcher zu eise Gonschten entscheet. Mir si frou, dass mer hien hunn an dass en och déi nächst Saison bei eis spillt.

Glenn Borges

De Glenn ass e super Spiller, dat huet hien an der Réckronn bewisen. An der Hironn hat hien e puer Problemer, well en déi 1. Divisioun wuel ënnerschat huet. Mir hu vill mat him geschwat an hien huet verstanen, wéi en der Ekipp am meeschte kéint weiderhëllefen. Hie wëll offensive Fussball spillen, dat hu mer an der Réckronn net ëmmer gemaach, mee hien huet sech do ugepasst an och vill defensiv geschafft. Offensiv huet hien oft d’Differenz gemaach.

Kevin Hoffmann

De Kevin ass e ganz wichtege Mann fir eis. Hie schafft immens vill. Hie leeft vill an duerch säi Pressing stéiert hien de Géigner immens vill. Offensiv muss en nächst Saison nach un e puer Saache schaffen: manner Bäll verléieren a nach méi richteg Entscheedungen treffen. Hien ass e super Spiller, deen immens motivéiert ass a ganz wichteg fir d’Ekipp ass. Wann hien an der Éierepromotioun d’Uweisungen ëmsetzt, geet säi Wee weider no uewen.

Tiago Alves

Den Tiago war an der Hironn hannen zentral gesat. Hien huet seng Aarbecht ëmmer gutt gemaach. Hie war wuel selwer net sou a Form, wéi en dat gär gehat hätt. Leider huet en eis am Wanter Richtung Lëntgen verlooss. Wéinst de Weeër war dat besser fir hien. Mir wënschen him bonne Chance!

Hugo Alves

Déi éischt Halschent vum Championnat huet den Hugo bal ëmmer gespillt a war e wichtege Mann am Mëttelfeld. Dunn huet den Hugo sech verletzt a mir hunn e leider net méi vill erëmgesinn.

Gilles Even

De Gilles ass ëmmer immens motivéiert um Training, mee leider ass et offensiv net duergaangen, well mer besser Spiller haten. Hie souz oft op der Bänk, dann ass et net einfach motivéiert ze bleiwen. Hien hat och mat e puer Blessuren ze kämpfen an dofir huet hien sech zréckgezunn.

Romario Lima

De Romario hat seng Problemer a war dofir net ëmmer dobäi. Hie war net op sengem beschte Niveau, well e vill verletzt war. Hien huet decidéiert, d’Boot virum Enn vun der Saison ze verloossen.

Pit Meylender

De Pit ass e jonke Spiller, dee nach vill Loft no uewen huet. Well hien elo op d’Uni geet, wäert dat en e bëssi zréckgeheien. Hien huet e super Charakter a war ëmmer do. Hie wär ëmmer agesprongen, wa mer e gebraucht hätten.

Yann Olafsson

De Yann ass e gudde jonke Spiller, deen taktesch nach muss evoluéieren. Leider war hien ganz laang verletzt an dono hat e net d’Gedold, fir nees op seng Chance ze waarden. Dofir huet hien opgehalen.

André Mota

Den André war ganz vill verletzt. An dofir huet hien eis fréi gesot, dass e kee Fussball méi kéint spillen.

Sven Rohen

De Sven ass en Topjong mat enger gudder Astellung. An der Hironn war hie ganz vill dobäi, no der Wanterpaus hat hien sech um Réck blesséiert an ass duerch dës Blessur ausgefall. Mir wënschen him awer bonne Chance a sengem neie Veräin zu Izeg. Et ass wichteg, dass en do eng ganz Saison kann duerchspillen.

Jo Schmit

Et hat kee geduecht, dass de Jo géif bei eis an de Kader kommen. Hien huet awer déi éischt Frëndschaftsmatcher direkt gutt gespillt. Hien huet déi ganz Saison an de Seniors II/U23 gespillt a sech gutt entwéckelt. Et ass net méi dee klenge Jo vum Ufank der Saison. En ass physesch, leeferesch a kämpferesch weiderkomm. Hie kann hei nach vill léieren a weiderkommen.

D’Supporter

Ech war schonn a ville Veräiner, mee do hate mer ni sou Supporter. Dat wat mer hei zu Weiler dës Saison erlieft hunn, war ganz grousse Kino. Net nëmmen um Barragematch a fir d’Finall vun der Coupe FLF, wou honnerten do ware, mee och heiheem virun 200 bis 300 Leit ze spillen, mécht Freed. Auswäerts ware mer och oft an der Iwwerzuel. Dat ass mega! Déi ganz Ekipp weess dat ze schätzen an den Trainerstaff ass frou, dass mer sou en 12. Mann hunn.