E Méindegowend war e besonnesche Match. Zu Réimeschen sinn d’Veterane vum FC Schengen op d’Härenekipp vun de Yellow Boys getraff. Dëse Match sollt dee leschte vum Weiler Urgestein Gasty Theisen sinn.

De 14. August 1962 krut de Gasty seng éischt Lizenz bei de Yellow Boys a bis haut ass hien dem Veräin trei bliwwen. E Méindeg krut hien mat 73 Joer (!!!) säin traditionellen Asaz iwwer 15 Minutten an huet sech dierfe vu senge Matspiller feiere loossen. D’5:1-Victoire huet zur gudder Stëmmung bäigedroen.

Beim Patt an engem gudde Maufel krut de Gasty no senger traditioneller Ried en alen Trikot vun der Härenekipp mat allen Ënnerschrëfte vun de Spiller iwwerreecht.

E grousse Merci geet och un de fréiere President vum Veräin, Tom Majeres, deen sech déi lescht Joren ëm d’Härenekipp gekëmmert huet. Hie gëtt nächst Saison als Responsabelen vum Christian Rodrigues ersat.