Um Donneschdegowend huet eis éischt Ekipp d’Finall vun der Coupe FLF gespillt. Zu Menster huet sech eis éischt Ekipp mat 3:1 géint Gréiwemaacher duerchgesat. Nom Opstig hu mer den Doublé gemaach.

An der 17. Minutt hate mer déi éischt Golchance, mee e Fallrückzieher vun engem Maacher Verdeedeger ass un d’Lat gaangen. Méi Chancen sollten et an der éischter Halschent net ginn. D’Säite si mat 0:0 gewiesselt ginn.

An der 48. Minutt huet de Joyce Regazzi e Fräistouss vum Kevin Hoffmann knapp verpasst. 5 Minutte méi spéit war eise Golkipper Christopher Gonzalez do, fir Schlëmmeres ze verhënneren. No 62 Minutten huet den Arbitter no engem Feeler um Max Mangen Eelefmeter gepaff. Den CSG krut dunn 1 Roud Kaart an de Kevin Hoffmann huet den Eelefter eragesat. An der 75. Minutt sollt dunn de nächste Gol falen. De Glenn Borges huet dem Bobby Jiang am Maacher Gol keng Chance gelooss -> 2:0. Den 1:2 sollt an der 80.’ falen. Et sollt spannend bleiwen, mee an der 4. Minutt vun der Nospillzäit sollt de Kevin Hoffmann de fräien Selim Ainahi gesinn a schonn stoung et 3:1. Dat sollt och de Schlussscore sinn. Super Weiler, super Weiler, hey, hey!

Opstellung: Gonzalez, Loes, Furst, Reuter, Gomez, Regazzi, Bellini, Mangen (65.’ Bernard), Martins (63.’ Camara), Borges (81.’ Ainahi), Hoffmann