Nodeems feststeet, dass eis éischt Ekipp déi nächst Saison an der Éierepromotioun wäert spillen, gëtt et och Zäit, e Bléck op de Kader vun der nächster Saison ze geheien.

An do wäerten e puer nei Gesiichter am Dieltchen optauchen. E fréiere Nationalspiller huet am Dieltchen ënnerschriwwen. Den Ante Bukvic wäert an Zukunft am Kader vun de Yellow Boys stoen.

Den Ante huet 214 Matcher an der BGL Ligue gespillt an ass an 10 Lännermatcher fir Lëtzebuerg agesat ginn. Den haut 31-Järegen hat seng éischt Lizenz zu Bieles, ier en op Déifferdeng gewiesselt ass. No 1 Saison bei RM Hamm Benfica war de groussen Ofwierspiller déi lescht Saison och nees zu Déifferdeng lizenséiert.

Ante Bukvic Foto: Ben Majerus

Mam Joel Teles kënnt en 21 Joer alen Offensivspiller bei eis, deen déi lescht Saison fir Réimech-Bus gespillt huet. De Joel huet um Racing ugefaange mat Fussball spillen, ier en fir d’Fola, Sandweiler an eben Réimech-Bus gespillt huet.

Joel Teles Foto: Ben Majerus

Vu Sandweiler kënnt den 22-järegen Ervin Huremovic op Weiler. Den Ervin huet viru Sandweiler fir de Racing a Wuermer gespillt.

Een, deen een zu Weiler an enger anerer Funktioun wéi als Spiller kennt, ass de Lucien Pina Cruz. Eise Jugendkoordinator wäert déi nächst Saison als Golkipp zum Kader vun eiser éischter Ekipp gehéieren. De Lucien ass 34 Joer al, huet seng Carrière op der Spora ugefaangen, ier hien a Portugal op Naval gewiesselt ass. Dono war hien beim RFCU Lëtzebuerg aktiv. An de Saisonen dono stoung hien fir Stengefort, den CS Uewerkuer, Wolz, Beggen, Ierpeldeng, Biissen an d’Etzella am Gol.

 

Lucien Pina Cruz Foto: Ben Majerus

49 Matcher an der BGL Ligue huet den Giuliano Jackson gespillt. De fréieren U21-Nationalspiller, deen elo 24 Joer al ass, hat zu Mamer ugefaangen mat spillen, a war dono bei Stroossen, dem Racing, Déifferdeng an der Etzella. Déi nächst Saison ass hien zu Weiler.

 

Giuliano Jackson (lénks) Foto: Ben Majerus

Mir sinn och houfreg, dass de Kader vun dëser Saison quasi integral zesummebleift.