Eis Seniors II/U23 haten um Freidegowend den zweetleschte Championnatsmatch zu Schëffleng. Dëse gouf mat 5:4 gewonnen.

Dobäi hat et net gutt ugefaangen: No 5 Minutten ass d’Lokalekipp aus enger abseitsverdächteger Positioun mat 1:0 a Féierung gaangen. Dës konnt de Paul Antoine an der 20. Minutt mat engem Kappball awer nees ausgläichen. No enger hallwer Stonn huet Schëffleng du nees aus enger abseitsverdächteger Positioun getraff -> 1:2 aus Weiler Siicht. Mat dësem Resultat sinn d’Säiten dunn och gewiesselt ginn.

2 Oldien an 3 Cadets

Déi 2. Halschent sollt dunn déi vun eisen agewiesselten Oldien Orlando Da Rocha (36 Joer) a Claude Komes (37 Joer) ginn. No 48 Minutten ass e laange Ball op de Spillertrainer Orlando Da Rocha gespillt ginn an dësen huet sech d’Chance net huele gelooss an de Ball an de laangen Eck gesat -> 2:2. 12 Minutte méi spéit sollt Schëffleng no engem Corner nees virleeën, mee no 65 Minutten stoung et 3:3: De Claude Komes huet no engem wäite Ball e Lafduell gewonnen an e klore Kapp behalen. Kuerz dono war Schëffleng nach zu 10, well ee mat Giel-Rout huet missen dusche goen.

Déi éischt Féierung fir Weiler sollt an der 70. Minutt falen. No guddem Pressing vum Orlando Da Rocha a Claude Komes war et nees de Spillertrainer, dee konnt markéieren. Nëmme 5 Minutte méi spéit koum Schëffleng duerch e Lob awer nees bäi -> 4:4.

De leschte Gol sollt awer nees dem treffsécheren Orlando Da Rocha virbehale sinn. An der 85. Minutt huet hien vun enger Pass vum Claude Komes profitéiert, fir de Golkipp ze ëmspillen an de winning goal ze schéissen.

Nennenswäert, dass mam Paul Antoine, Ivan Miccolis a Nicolas Donetti 3 vun eise Cadets 90 Minutte gespillt hunn.

Opstellung: Muller, Cum (45.’ Komes), Meylender (45.’ Da Rocha), Walter, Antoine, Schmit, Lamesch, Miccolis, Alves, Di Bari, Donetti