E Sonndeg wier e gudden Dag fir Geschicht ze schreiwen, mee et dierft schwéier ginn. Fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht kéinten d’Yellow Boys e Sonndeg den Opstig an d’Éierepromotioun packen. Am Moment läit Weiler punktgläich mat Monnerech op der éischter Plaz. Nieft deenen 58 Punkten huet Monnerech awer eng ëm 16 Goler besser Goldifferenz.

Wann eis éischt Ekipp deemno wëll opsteigen, muss se e Sonndeg 1 Punkt méi kréien wéi Monnerech. Déi Monnerecher spillen zu Bäerbuerg an hunn alles an der Hand. Mir mussen zu Suessem untrieden.

Gutt Statistik

Suessem ass e Géigner, dee Weiler an der jonker Vergaangenheet louch. An de leschte 5 Matcher am Championnat gouf et fir d’Yellow Boys keng Defaite. 1 Gläichspill a 4 Victoiren konnte notéiert ginn.

Déi sensationell Serie vu 15 Matcher hannerteneen, déi eis éischt Ekipp am Championnat net méi verluer huet, soll och e Sonndeg weidergefouert ginn. Verzichte muss den Trainer Jhemp Almeida op den Thomas Battaglia (Kräizbandrëss) a villäicht den Joyce Regazzi (Réckeproblemer).

E Sonndeg wësse mer deemno op de Wee direkt an d’Promotioun féiert oder mer de Barragematch de 25. Mee musse virbereeden. Kommt op Suessem a peitscht eis éischt Ekipp no vir! Hei ass Weiler! #webelieve