Falls eis éischt Ekipp de Barragematch géint den 12. aus der Éierepromotioun muss spillen, wäert dësen de 25. Mee um 17 Auer sinn. An deem Fall géif d’Finall vun der Coupe FLF vum 23. Mee op den 30. Mee, Christi Himmelfahrt, verluecht ginn.

Falls mer den Opstig e Sonndeg géife packen, géif d’Finall vun der Coupe FLF net verluecht ginn.