E Mëttwochowend huet sech eis éischt Ekipp den Ticket fir d’Finall vun der Coupe FLF geséchert. Et ware vill Leit an den Dieltchen komm, déi d’Yellow Boys ënnerstëtzt hunn a materlieft hunn, wéi si sech fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht fir dës Finall konnte qualifizéieren.

De Fotograf Gerry Schmit war och nees dobäi an huet flott Momenter festgehalen.