Fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht hunn d’Yellow Boys et an d’Finall vun der Coupe FLF gepackt. An der Halleffinall doheem am Dieltchen gouf Bäerbuerg mat 4:0 geklappt.

No 30 Minutten ass den 1:0 gefall. No engem Assist vum Kevin Hoffmann huet de Glenn Borges d’Nerve behalen an de Ball an de Filet gesat. 3 Minutte méi spéit stoung et 2:0. De Levy Rougeaux huet de Glenn Borges op d’Rees geschéckt a schonn huet et gerabbelt. An der 36. Minutt huet de Glenn Borges dunn och nach mam Kapp getraff, dat no engem Fräistouss vum Kevin Hoffmann. Dat war och de Score an der Paus.

Camara mécht den Deckel drop

Déi beschte Chance hat Bäerbuerg no 70 Minutten, mee de Christopher Gonzalez an d’Lat hu fir Weiler gerett. An der 78. Minutt huet de Bäerbuerger Golkipp dunn e Schoss vum Amadou Camara paréiert. Och dono hätt den Amadou Camara de Score kéinten erhéijen, mee et sollt näischt draus ginn. Kuerz viru Schluss huet den Amadou Camara dunn awer säi Gol geschoss -> 4:0. Dat war och d’Schlussresultat.

De Géigner an der Finall ass Gréiwemaacher. Wéini d’Finall gespillt gëtt, kënne mer nach net genau soen, well dat och dovun ofhängt, ob mer de Barragematch musse spillen. Mir halen Iech um Lafenden.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Gomez, Furst, Martins (74.’ Di Bari), Regazzi, Bernard, Mangen, Borges, Hoffmann (60.’ Ainahi), Rougeaux (68.’ Camara)