Et geet Schlag op Schlag: Nodeems eis éischt Ekipp sech e Sonndeg mindestens de Barragematch am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun geséchert huet, steet um Mëttwochowend ab 20 Auer am Dieltchen de nächste Match mat Finallcharakter um Programm. An der Halleffinall vun der Coupe FLF treffen d’Yellow Boys op Berdenia Bäerbuerg.

Am Championnat konnt sech Weiler auswäerts mat 4:1 an doheem knapp mat 1:0 duerchsetzen. Mee e Mëttwoch ginn d’Kaarte nei gemëscht. An der Halleffinall stoungen déi Giel-Schwaarz bis elo 1 Mol: Virun 3 Joer ass den Heemmatch géint Luerenzweiler mat 0:1 verluer ginn.

Den Trainer Jhemp Almeida muss ouni den Thomas Battaglia (Kräizbandrëss) a Johan Bellini (gespaart) auskommen.

Kommt all e Mëttwoch an den Dieltchen an hëlleft eiser éischter Ekipp fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an d’Finall vun der Coupe FLF ze kommen. Hei ass Weiler! #webelieve