Och am 15. Match hannerteneen huet eis éischt Ekipp am Championnat net verluer. Mat 3:0 gouf Red Black Egalité heem geschéckt. Well Monnerech och gewonnen huet, bleiwe mer déi Zweet, mee mindestens de Barragematch ass geséchert.

No 14 Minutten hu sech d’Leit am Dieltchen scho gefreet, mee de Kevin Hoffmann huet eng Risechance ausgelooss, genau wéi de Glenn Borges an de Levy Rougeaux kuerz dono.

An der 19. Minutt war et dunn awer souwäit: de Glenn Borges huet de Ball eriwwergeluecht an de Levy Rougeaux huet sech net biede gelooss, fir den 1:0 ze schéissen. Kuerz dono huet de Christopher Gonzalez e super Reflex gewisen an den 1:0 festgehal. An der 22. Minutt huet de Pafendall selwer markéiert, nodeems eng Flank vum Selim Ainahi gutt erabruecht gi war. Direkt dono war et nees um Christopher Gonzalez, fir seng Klass als Golkipp ënner Beweis ze stellen. An der 32. Minutt hätt et kënnen 3:0 stoen, mee dem Glenn Borges säi Schoss ass laanscht de Gol gaangen. Esou sinn d’Säite mat 2:0 gewiesselt sinn.

No 81 Minutten ass dunn den 3:0 gefall. De Glenn Borges ass eleng op de Gol gelaf an huet seng Chance äiskal genotzt. 3 Minutte viru Schluss sollten d’Gäscht du just nach zu 10 sinn, et hat een den Tackling vun hannen erausgeholl. 3:0 sollt och de Schlussscore sinn.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter (53.’ Regazzi), Furst, Gomez, Bernard, Bellini, Rougeaux (73.’ Mangen), Ainahi, Borges, Hoffmann (62.’ Camara)