– Eis Poussins I hu mat 1:3 bei der Union Réimech-Bus verluer.

– Eis Minimes II hu sech mat 2:0 bei der Entente Syrdall II duerchgesat.

“Mir hunn eis ganz vill Chancen erausgespillt a kloer dominéiert, mee si mat vill Chance 1:0 an d’Halschent gaangen. Déi 2 Halschent ware mir net méi sou konzentréiert an hunn och just 1 weidere Gol geschoss. Et war e gudde Match an och schéi nozekucken. Eng Freed, de Jongen bei hirer Entwécklung nozekucken”, sou den Trainer Pascal Schoen.

– Eis Cadets hunn am Heemmatch géint Beetebuerg e grousse Kampf geliwwert a sech beim 0:0 e Punkt erkämpft.