– Eis Pupilles III hunn um Samschdeg doheem géint RM Hamm Benfica III gespillt. Um Enn hunn d’Yellow Kids mat 4:12 verluer, an der Paus stoung et 3:5.

“No engem gudde Start louche mir mat 3:0 vir. Dono war et méi chaotesch a keen huet seng Plaz um Terrain gehalen an esou koum de Géigner mat 5:3 bis zur Paus vir. Déi éischt 10 Minutte no der Paus hu mer eis Positioune nees gehalen, mee meng Spiller hunn dem Géigner nogekuckt amplaz en unzegräifen”, sou d’Trainerin Sally Strasser.

– D’Minimes I hu beim F91 III gespillt. An der Paus louch Weiler mat 3:2 vir. De Match ass mat 9:3 fir d’Yellow Boys op en Enn gaangen.

– D’Scolaires waren am Heemmatch géint Eilereng/Bieles an der Paus mat 2:1 vir, beim Ofpëff stoung et 3:3. Mir wënschen dem David Schroeder eng gutt Besserung, dee sech un der Hand blesséiert huet. De Ball gouf gestëft vum Michel Cuka.