Eis Bambinis I hunn um verreente Samschdegmoien zu Zéisseng gespillt. Géint Cebra gouf et en 1:1, ier d’Matcher géint de Racing (0:3) a Sandweiler (1:3) mat Defaiten ofgepaff gi sinn.

“Géint Cebra war en ausgeglachene Match. Géint de Racing konnte mer mat 2:0 a Féierung goen, mee de Ball huet de Wee an de Gol leider op der falscher Säit fonnt. Am leschte Match hu mer probéiert, d’Positiounen ze wiesselen a louchen no 3 Minutte schonn mat 0:2 zréck. Dono war de Match ausgeglach. Bravo un d’Jongen an hir Elteren, déi am Reen alles ginn hunn”, sou de Joël Groff, deen de Carlo Dorotea als Coach ersat huet.

Eis Bambinis II hunn am Dieltchen gespillt. Géint Kielen (0:2) a Wuermer (1:4) hu si sech gutt druginn. Gecoacht gouf d’Ekipp vum Chris Spogen, dee fir d’Danielle Mersch agespronge war. De Ball gouf gestëft vum Pir Leclerc.