E Sonndeg steet den zweetleschte Spilldag am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun um Programm. Eis éischt Ekipp spillt ab 16 Auer doheem a ka géint de Red Black Egalité dofir suergen, dass se net méi vun enger vun den 2 éischte Plazen ze verdrängen ass.

Am Moment hunn d’Yellow Boys e Virsprong vu 5 Punkten op den Drëttplacéierten Gréiwemaacher. An der Goldifferenz läit Weiler 11 Goler virum CSG. Monnerech läit sengersäits 18 Goler viru Weiler. 14 Championnatsmatcher hannerteneen huet eis éischt Ekipp net méi verluer!

Dëse Weekend kéint deemno feststoen, dass mindestens de Barragematch fir d’Yellow Boys erausspréngt. Mee et gëllt opzepassen, well de Pafendall-Weimeschkierch brauch och dringend Punkten fir den Ofstig oder de Barragematch ze verhënneren. Am Moment läit den Ex-Veräin vun eisem Trainer Jhemp Almeida an der Tabell op der Barrageplaz.

Verzichte muss eise Coach e Sonndeg op den Thomas Battaglia (Kräizbandrëss) an och wuel op den Joyce Regazzi (Réckeproblemer).

Kommt an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp e Sonndeg, fir dass si fir hir gutt Leeschtungen aus dëser Saison belount gëtt. Hei ass Weiler! #webelieve