No enger schwaacher Leeschtung konnt eis éischt Ekipp endlech emol zu Bartreng gewannen. De Match ass mat 2:1 fir d’Yellow Boys ausgaangen. Dat war déi éischt Victoire säit laangem zu Bartreng.

Schonn an den Ufanksminutten hätten d’Yellow Boys kënnen 2 Mol a Féierung goen, mee d’Fortuna war net op hirer Säit. No 17 Minutten sollt d’Lokalekipp mam 1. Schoss virkommen. Aus 18 Meter huet den FC Sporting säi Gléck fonnt.

No 26 Minutten huet sech d’Gebuertsdagskand du belount. De Levy Rougeaux huet mat engem direkte Fräistouss den 1:1 erbäigefouert. Dat sollt och de Score an der Paus sinn, well dono de Match am Reen dohigeplätschert ass, a keen de leschte Schrëtt op de Gol gemaach huet.

Kuerz viru Schluss ass d’Entscheedung gefall: No engem Corner huet de Kevin Hoffmann de Ball erabruecht an e Bartrenger huet säi Golkipp iwwerwonnen -> 2:1. D’Freed war riseg am Weiler Fanblock.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, Gomez, Martins, Regazzi (46.’ Bellini), Mangen (66.’ Bernard), Rougeaux, Borges, Camara, Hoffmann (90. + 1.’ Furst)