Um 21. Spilldag vum 2. Bezierk an der 1. Divisioun huet eis éischt Ekipp zu Beetebuerg gespillt. E Gol hunn d’Supporter net gesinn. Duerch dëse 0:0 sinn d’Yellow Boys nees op déi 2. Plaz an der Tabell gerutscht, well sech Monnerech mat 6:1 géint Schëffleng duerchgesat huet an elo nees duerch déi besser Goldifferenz de Leader ass.

Keng gutt Nouvelle gouf et an der Ufanksphas: Scho no enger Véierelsstonn huet de Jonathan Furst missen ugeschloen vum Terrain. No 29 Minutten hat de Glenn Borges dunn déi éischt gutt Aktioun, mee de géigneresche Golkipp war opmierksam. Et sollt net vill geschéien déi éischt Halschent an esou sinn d’Säite mat 0:0 gewiesselt ginn.

Opreegung an der 59. Minutt: Als éischt schéisst Beetebuerg e Fräistouss widder d’Lat, ier Weiler iwwer de Levy Rougeaux an Amadou Camara iwwer e Konter eng gutt Chance leie léisst. Vill méi war net méi ze gesinn, well bei Weiler déi lescht Konsequenz gefeelt huet.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, Furst (15.’ Bernard), Gomez, Regazzi, Bellini, Mangen (60.’ Ainahi), Rougeaux, Camara (85.’ Di Bari), Borges