Eis Seniors II/U23 konnten och hiren 2. Match vun der Woch net gewannen. No der 0:3-Defaite géint d’Jeunesse, gouf et och e 0:3 aus Weiler Siicht géint Bieles.

No enger Véierelsstonn stoung et schonn 2:0 fir d’Lokalekipp. Weiler ass net an de Match komm an huet keng Zweekämpf ugeholl. Dono sinn d’Yellow Boys besser an de Match komm, ouni awer richteg Golchancen ze hunn – bis an der 2. Halschent.

E Gol sollt awer just nach an der 80. Minutt fir Bieles falen.

Opstellung: Muller, Walter, Laby (55.’ Medeiros), Meylender, Antoine, Schmit, Maceratesi, Lamesch, Alves (70.’ Komes), Di Bari, Even