E Sonndeg spillt eis éischt Ekipp ab 16 Auer zu Beetebuerg. Fir d’Yellow Boys geet et dorëm, d’Leaderpositioun ze verdeedegen a Revanche fir d’Defaite aus dem Himatch ze huelen, deen hat Weiler nämlech mat 1:2 verluer.

Dass et och e Sonndeg géint den Opsteiger net einfach gëtt, weist e Bléck op de leschte Spilldag, do huet Beetebuerg nämlech Monnerech beim 2:2 e Bee gestallt.

Verzichte muss eisen Trainer Jhemp Almeida e Sonndeg op den Thomas Battaglia (Kräizbandrëss) an de Kevin Hoffmann (perséinlech Grënn).

Kommt all e Sonndeg op Beetebuerg an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp! #webelieve