Eis Pupilles I hunn um Donneschdeg en Testmatch am Dieltchen mat 2:3 géint den F91 verluer. An der Paus stoung et 3:0 fir Diddeleng.

“En ausgeglachenen Trainingsmatch, dee grad sou gutt hätt kënne 7:8 oder 9:9 ausgoen, wären do net op béide Säiten staark Golkeeper gewiescht. Bei de Yellow Boys si ganz besonnesch déi Jongen ervirzehiewen, déi och nächst Joer an de Pupilles spillen an e ganz gudden Androck hannerlooss hunn”, sou den Trainer Léon Zahlen.