Bei eise Seniors II/U23 ass de Wuerm dran. Am Heemmatch géint d’Jeunesse konnten si fir déi 5. Kéier hannerteneen net am Championnat gewannen. D’0:3-Defaite ass déi 3. Néierlag an der 2. Klass hannerteneen.

Trotzdeem war den Trainer Orlando da Rocha zefridden: “Mir hunn e gudde Match gespillt a géint e gudde Géigner verluer. D’Jeunesse hat méi Ballbesëtz a méi Golchancen. Mir sinn op Konter hi geféierlech ginn, waren awer net effektiv genuch.”

D’Goler sinn an der 36., 43. a 79. Minutt gefall. E Freideg geet et op Bieles.