Eis éischt Ekipp wënnt de Spëtzematch zu Gréiwemaacher mat 1:0 an ass domat neie Leader, well Monnerech 2:2 zu Beetebuerg gespillt huet.

An der éischter Halschent hu sech béid Ekippe neutraliséiert. An der zweeter Halschent haten d’Yellow Boys am Ufank déi besser Chancen. Belount gouf Weiler an der 68. Minutt duerch de Kevin Hoffmann. Dat sollt den eenzege Gol an der Partie bleiwen.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Gomez, Furst, Martins, Regazzi, Bellini, Mangen (66.’ Rougeaux), Camara (80.’ Ainahi), Borges, Hoffmann (90.’ Bernard)