Eis Minimes I hu sech mat 7:1 zu Éilereng duerchgesat. An der Paus stoung et 2:0.

“Déi 1. Halschent wollt jiddereen e Gol schéissen an eist Spill huet net richteg gepasst. An der Paus gouf nach emol kloer gesot, wéi mer sollte spillen an esou sinn och vill Golchancen enstaan. Gutt Jungs. Weider esou”, huet den Trainer Luis Pereira gemengt.

Mat 2:0 hunn eis Scolaires doheem géint Rëmeleng d’Iwwerhand behalen. Béid Goler sinn an der 2. Halschent gefall. De Ball huet de Romain Loes gestëft.