Eis Pupilles I hunn hiren Heemmatch am Dieltchen mat 2:4 géint Izeg verluer. An der Paus stoung et 2:2. De Ball gouf gestëft vum Danielle Mersch.

D’Pupilles II hunn hirersäits mat 2:1 bei Mamer II gewonnen.

“E gudde Match vu menger Ekipp. Vum Ufank bis zum Schluss hu mer Drock gemaach, mee laang wollt de Ball net an de Gol. An der Paus stoung et 0:0. Déi 2 Ekippe ware gutt, mee mir ware besser an hate méi Golchancen. Hei ass Weiler 💪🏿💪🏿⚽️”, sou den Trainer Idelson Pires.