– Eis Bambinis I haten um Samschdegmoien e Championnatsturnéier um Verluerekascht. Géint de Racing hunn d’Yellow Kids mat 1:3 verluer a géint Cebra 1:1 gespillt.

“De Racing hat eng staark Ekipp, déi de Ball gutt lafe gelooss huet. Géint Cebra hu mer eis d’Zänn ausgebass fir den 1:0 ze schéissen. Hire leschte Mann huet wéi e Fiels un der Spëtzt vum Dräieck alles ewech geraumt. An dunn huet Cebra e Sonndesschoss ausgepak. An de leschten 3 Minutten ass e Ball degagéiert ginn, de Ball ass virun eisem Dräieck opkomm an an de Gol gerullt. Den Ausgläich war net verdengt”, sou den Trainer Carlo Dorotea.

– Eis Bambinis II goufen mat 3 Mol 0:5 zu Beetebuerg iwwerrannt. Géint Hesper I, Beetebuerg I a Märel-Belair I waren d’Yellow Kids just zu 6.

“Meng Spiller krute keng Paus, déi se awer munchmol gebraucht hätten. Mir trauen eis nach ëmmer net, unzegräifen a kréie net ëmgesat, wat wichteg wier. Do läit menger Meenung no den Hoken”, sou d’Trainerin Danielle Mersch.