E Sonndeg steet am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun den 18. Spilldag um Programm. Eis éischt Ekipp muss op Menster.

Den Himatch hunn d’Yellow Boys mat 4:0 gewonnen (Bericht), mee dat wëll näischt heeschen. Den FC Syra Menster huet leschte Sonndeg nämlech gewisen, dass en och géint déi sougenannte Grouss mathale kann a fir eng Iwwerraschung gesuergt. Géint Monnerech gouf et e 0:0. D’Ekipp vum Trainer Claude Leogrande wëll dofir elo enger weiderer Ekipp, déi fir den Opstig spillt, e Fouss stellen. Am Moment läit den Opsteiger mat 19 Punkten op der 10. Plaz.

Weiler ass deemno gewarnt, mee wann d’Yellow Boys wëllen uewen dru bleiwen, muss weider gepunkt ginn. Dem Trainer Jhemp Almeida sti folgend Spiller net zur Verfügung: Thomas Battaglia (Kräizbandrëss); Levy Rougeaux (Entorse), Romario Lima (Trainingsréckstand), Gilles Even (Adduktoreproblemer), Pit Meylender (Foussverletzung) a Max Mangen (gespaart).

Kommt all e Sonndeg op Menster a feiert eis éischt Ekipp un. Hei ass Weiler!