Eis Seniors II/U23 hu sech um Dënschdegowend mat 1:2 zu Hesper misse geschloe ginn.

Direkt am Ufank si béid Ekippe gutt an de Match komm an et goufe no 10 Minutte scho Chancen op béide Säiten. No 25 Minutten ass Weiler dunn a Féierung gaangen. De Jhemp Almeida huet de Ball an der Mëtt gewonnen, an en op de Glenn Borges gespillt. Dësen huet e weidergeleet op de Louis Lamesch an deen huet mat Hëllef vum géigneresche Golkipp den 1:0 markéiert.

An der 33. Minutt sollt dunn den Ausgläich falen. Bei engem Corner hunn d’Yellow Boys geschlof, Hesper de Kappballduell gewonnen a scho stoung et 1:1.

Den 2. Hesper Gol sollt op e Wäitschoss hin an der 70. Minutt falen. Zwar hat Weiler an der Schlussphas nach emol gutt Chancen, mee e Kappball vum Glenn Borges gouf op der Linn gerett (80.’) an e Schoss vum Max Mangen ass op der Lat gelant (85.’).