D’Vache qui flatte huet zu Weiler Traditioun. De 16. Juni ab 11.30 Auer fënnt déi 19. Editioun vun dësem erfollegräiche Fest statt. Ab elo kënnt Dir Är Casen och online kafen. Kuckt Iech de Plang hei ënnendrënner un an iwwerweist 5 € pro Case op de Kont vun de Yellow Boys bei der CCPL LU19 1111 0234 5376 0000. De leschten Delai vun der Iwwerweisung ass de 13. Juni. Schreift an de Vermierk vum Virement w.e.g. wei eng Casen dass Dir gär bucht (Beispiller: E24, X3). D’Casen ginn vun A-Y a vun 1-40.

Terrain Vache qui flatte 2019

Download

Wann Dir Iech frot, wat dat Spill “La vache qui flatte” eigentlech ass, da fannt Dir hei en Erkläervideo aus dem Joer 2012.

Ab 11.30 Auer wäert de 16. Juni deemno beim Terrain eng lass sinn. Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. Musek an e Sprangschlass fir d’Kanner dierfe net feelen. Bei schlechtem Wieder kënnt Dir am Zelt Plaz huelen. D’Kou gëtt um 15 Auer op d’Feld gelooss.