Wat fir e Resultat vun eiser éischter Ekipp! 1 Woch nom onnéidege Punktverloscht géint AS Lëtzebuerg Porto hunn d’Yellow Boys eng Reaktioun gewisen a Käl-Téiteng mat 6:2 aus dem Dieltchen geschoss.

Dobäi hat et net gutt ugefaangen fir déi Weiler. No 10 Minutten huet de Levy Rougeaux den Terrain scho missten mat enger Foussverletzung verloossen. 1 Minutt méi spéit sollt et dunn awer eng éischte Kéier rabbelen. Den Amadou Camara huet säin éischte Gol fir d’Yellow Boys geschoss. An esou sollt et weider goen: 2 Minutte méi spéit huet de Johan Bellini sech de Ball erkämpft an en un de Kevin Hoffmann weidergereecht, deen de Score sollt op 2:0 setzen.

Mat 4:0 an d’Paus

An et sollt nach besser kommen: No enger Véierelsstonn stoung et schonn 3:0. Nees war et de Kevin Hoffmann, deen de Wee an de Gol fonnt hat. Den Amadou Camara sollt awer och nach zu sengem 2. Gol virun der Paus kommen. An der 27. Minutt war et souwäit. Mat 4:0 sinn d’Ekippen dunn och vum Arbitter an d’Paus geschéckt ginn. Weiler huet bis dohinn gutt gekämpft a sech ganz konsequent virum Gol gewisen.

An der 52. Minutt sollten d’Gäscht weisen, dass si och wëssen, wou de Gol steet. Den Uschlossgol zum 1:4 huet awer net laang fir Freed beim Fusiounsveräin gesuergt, well 10 Minutte méi spéit war et nees de Kevin Hoffmann, deen een drop gesat huet -> 5:1. Nodeems Käl-Téiteng an der 71. Minutt ee vum Terrain gesat krut, war Weiler dunn an Iwwerzuel. An déi sollt zu engem weidere Gol féieren. De Glenn Borges huet an der 82. Minutt de 6:1 geschoss. Kuerz dono sollt och op der anerer Säit nees ee falen -> 6:2. Dat war dann och de Schlussscore. Well Monnerech 0:0 géint Menster gespillt huet a Gréiwemaacher mat 2:0 zu Suessem verluer huet, ass d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida de Gewënner vum Spilldag. Hei ass Weiler!

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, Bernard, Gomez, Martins, Regazzi, Bellini (74.’ Di Bari), Rougeaux (10.’ Ainahi), Camara (63.’ Borges), Hoffmann