Eis Poussins II hunn um Sonndegmoien dem Wieder getrotzt an am Dieltchen géint d’Entente Menster/Kanech III gespillt. D’Yellow Boys louchen an der Paus mat 6:0 vir an hu sech um Enn mat 11:1 duerchgesat.

“Ech si ganz zefridden. Meng Ekipp huet dat emgesat, wat mer amgaange sinn ze trainéieren”, sou den Trainer Mike Hoffmann.