E Samschdeg war den 2. Raclette-Owend vun de Yellow Boys am Huef zu Weiler. Wéi schonn d’lescht Joer, war dësen Owend och dës Kéier nees e vollen Erfolleg. 7 verschidde Kéiszorten an alles wat zur Raclette dozou gehéiert hunn dofir gesuergt, dass et u näischt gefeelt huet. Déi passend Deko huet fir Schwäizer Feeling gesuergt an d’Stëmmung war beschtens.