Eis Pupilles I hunn um Samschdeg bei der Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt gespillt a mat 4:8 verluer. Et sollt wéi am Film “Und täglich grüßt das Murmeltier” kommen.

“Eng, wéi so dacks, verschlofen Ufanksphas huet  zu enger däitlecher Defaite gefouert, déi awer net sou kloer war, wéi d’Resultat et ausseet. E katastrophalt Ofwierverhalen an eng optimal Munnerëfer Chancenauswertung huet der Lokalekipp no 25 Minutten e 6:1-Virsprong abruecht. Op der Géigesäit hu mir zemools an der 1. Halschent eis vill Chancen net genotzt. No der Paus ware mir vill besser am Match an hunn net méi vill zougelooss. Dräi schéin erausgespillte Goler hun dofir gesuergt, dass di 2. Halschent mat 3:2 zu eise Gonschten ausgaangen ass. Alles an allem sinn ech net onzefridden, mee et ass nach vill Loft no uewen”, huet den Trainer Léon Zahlen gemengt.

Eis Pupilles II hun hirersäits mat 2:6 géint Stroossen verluer. “Et war e ganz gudde Match vu menger Ekipp. Meng Spiller hunn all gutt gespillt, géint Géigner, déi bal all e Joer méi al waren. Mee dat huet si net gestéiert. Si hu verstanen, dass Fussball en Ekippesport ass an dass een deen aneren
ënnerstëtze muss. Mir ware 0:4 hannen an der Paus, mee déi 2. Halschent hu mer en anert Gesiicht gewisen. D’Jongen hunn alles ginn an ech sinn houfreg op se”, huet den Trainer Idelson Pires gemengt.

Eis Pupilles III hu sech mam Racing III gemooss. Um Enn hunn d’Yellow Boys mat 0:32 verluer. An der Paus stoung et 0:17. “Mir hu leider géint eng staark Ekipp gespillt, déi technesch richteg staark war. Wa mir de Ball haten, hu mir eis och no vir getraut, mee keng richteg Golchance kritt, well de Géigner direkt do war”, sou d’Trainerin Sally Strasser.