Eis Bambinis I hunn um Samschdegmoien am Dieltchen gespillt. Géint Kielen (0:1) an RM Hamm Benfica (0:2) hunn d’Yellow Boys verluer. Géint Wuermer II huet Weiler mat 3:1 gewonnen. De Ball gouf gestëft vum Claude Prim.

“Super flotten Samsden haut mat eisen Yellowkids 😃😃. Trotz dem Wieder waren d’Kids haut méi wéi motivéiert an hu flotte Fussball gespillt.⚽️⚽️ Et mécht ëmmer erëm Spaass ze gesinn, wéi d’Entwécklung vun eise Klengsten sech verbessert👍🏻💪🏻😃”, sou den Trainer Carlo Dorotea.