Eis Bambinis II hunn um Samschdeg um Racing gespillt. Géint Beetebuerg (0:4) an de Racing (0:1) goufen et 2 Defaiten an awer haten d’Kanner Spaass.

“Beetebuerg hat e schéint Passspill a mir si nach mat engem bloen Aan dovukomm. Géint de Racing hu mer gutt verteidegt. D’Kanner hunn zu 6 zweemol 25 Minutte gespillt an et war eng ganz flott Stëmmung”, sou d’Trainerin Danielle Mersch.