Nodeems eis éischt Ekipp e Sonndeg géint AS Lëtzebuerg Porto onnéideg 2 Punkte leie gelooss huet, gëllt et e Sonndeg nees an déi richteg Spuer ze fannen. Vu 16 Auer un ass Käl-Téiteng am Dieltchen zu Gaascht.

De Fusiounsveräin kënnt mat vill Confiance op Weiler, well leschte Sonndeg huet sech den Tabellevéierten mat 3:1 géint Monnerech duerchgesat. Des Weideren huet Käl-Téiteng nach eng Rechnung mat de Yellow Boys op. De spannenden Himatch hat Weiler nämlech fir sech entscheet. ( Bericht) Den Trainer Jhemp Almeida kann bal op säi ganze Kader zielen, et feelt keen, ausser dem Thomas Battaglia.

Wann ee fir wëll drubleiwen, ass et e Sonndeg verbueden, ze verléieren.

Kommt all e Sonndeg an den Dieltchen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp! Hei ass Weiler!