Um Dënschdeg hunn eis Seniors II/U23 d’Punkte mat Käl-Téiteng gedeelt. No 90 Minutten stoung et 3:3.

No enger Véierelsstonn sinn d’Gäscht no engem Corner a Féierung gaangen. Direkt dono huet de Max Mangen mat engem Schoss aus 16 Meter den Ausgläich besuergt.

10 Minutte méi spéit sinn d’Yellow Boys a Féierung gaangen. No enger Pass vum Gilles Even huet de Marco di Bari de Ball an de Filet gesat. Dat sollt awer nach net de Pausestand sinn, well an der 40. Minutt sollt Käl-Téiteng duerch e Fräistouss aus 40 Meter zum 2:2 kommen.

No der Paus hunn d’Gäscht besser an de Match fonnt. No engem Ballverloscht an der Mëtt huet Käl-Téiteng en Ugrëff gestart an huet an der 48. Minutt den 3:2 duerch e Selbstgol markéiert. Nodeems Weiler dunn an der 70. Minutt déi gutt Chance op den 3:3 leie gelooss hat, sollt den Ausgläich awer nach 10 Minutte méi spéit falen. No engem Corner vum Max Mangen war de Romario Lima mam Kapp présent.

An der Schlussphas wier de 4:3 souguer méiglech gewiecht, mee dee sollt leider net méi geléngen.