Um Sonndeg huet eis éischt Ekipp hiren Heemmatch doheem géint AS Lëtzebuerg Porto gespillt. Um Enn stoung et 2:2 dobäi war Weiler 2:0 vir.

No 6 Minutten huet den Amadou Camara eng Chance gehat, mee de géigneresche Golkipp huet de Ball an de Corner deviéiert. An dëse sollt zum éischte Gol féieren. De Levy Rougeaux huet de Kapp dohigehal a scho stoung et 1:0. No enger Véierelstonn ass de Score op 2:0 ausgebaut ginn. De Selim Ainahi huet sech d’Geleeënheet net huele gelooss. Den Uschlossgol fir d’Gäscht ass du kuerz virun der Paus no engem Fräistouss gefall.

Pech an der 66. Minutt: De Levy Rougeaux rutscht aus kuerzer Distanz an de Ball, mee de géigneresche Golkipp war présent. An der 88. Minutt koumen d’Gäscht op e Corner hin zum 2:2. 2 verschenkte Punkten deemno.

Opstellung: Muller, Loes, Reuter, Bernard, Gomez, Regazzi, Bellini, Ainahi (70.’ Hoffmann), Martins (85.’ Even), Camara (78.’ Olafsson), Rougeaux