Um Samschdeg haten eis Pupilles III am Dieltchen hiren 1. Championnatsmatch géint d’Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt II. Dëse gouf mat 1:14 verluer. An der Paus stoung et 0:5.

Trainerin Sally Strasser war awer zefridden: “Fir den 1. Championnatsmatch hu meng Kanner sech gutt geschloen. Déi 1. Halschent war alles e bëssi duercherneen, bis mer am Match dra waren. Gréisstendeels stoungen se alleguer vill ze héich, mee dat verbessert sech duerch d’Schaffen um Training. An der 2. Halschent hate mer 3 gutt Golchancen, mee mir hunn se leider net all genotzt. Am grousse Ganzen sinn ech awer zefridde gewiescht.”