Eis Pupilles II hunn hiren éischte Championnatsmatch no der Wanterpaus mat 1:6 géint Hueschtert II verluer.

“Meng Ekipp huet e gudde Match gemaach, gutt gekämpft a gudde Fussball gespillt. Et stoung 1:1 an der Paus. Dono hunn e puer kleng Feeler dofir gesuergt, dass mer verluer hunn. Mir schaffe weider”, sou den Trainer Idelson Pires.