Eis Pupilles I hu no der Wanterpaus net sou gutt an de Championnat fonnt a mat 2:11 zu Stroossen verluer. An der Paus war de Score schonn 1:5.

“No 3 Minutte ware mer 0:4 hannen, a 5 Minutte viru Schluss stoung et nach 2:6. Et war eng ganz schwaach 1. Halschent vun eis. Wéi sou oft hu mer den Ufank komplett verschlof a géint eng, fir eng Pupilles, extrem staark Stroossener Ekipp gespillt. No der Paus ware mer vill méi present, hunn eis eng ganz Partie Chancen erausgespillt, goufen awer an de leschte Minutte leider ëm e bessert Resultat bruecht. Fazit: 9 vun deenen 11 Géigegoler hu mer eis ganz am Ufank respektiv ganz zum Schluss agefaang. Dotëscht war et vun eiser Säit e passable Match”, sou de Bilan vum Trainer Léon Zahlen